Besuchstablett, ‘Abdu’l‑Bahá (#14310)

*Dës Tablett, dat ‘ABDU’L-BAHÁ  offenbaart huet, gëtt a Sengem Schräin gelies. Et gëtt och als privat Gebiet benotzt. Wien och ëmmer dëst Gebiet mat Bescheidenheet an Äifer virliest, bréngt dem Häerz vun dësem Dénger Freed a Gléck; et ass esou wéi wann hien Him géing perséinlech begéinen.


Hien ass den Allherrlechen!
O Gott, mäi Gott! Damiddeg a mat Tréinen an den Aen erhiewen ech meng biedend Hänn zu Dir a bedecke mäi Gesiicht am Stëbs vun Denger Schwell, erhuewen iwwer d’Wësse vun de Geléierten an dem Luef vun all deenen, déi Dech verherrlechen. Kuck gnädeg a mam A vum Erbaarmen op Däin Dénger, deen einfach a bescheiden un Denger Dier steet, an dauch hien an d’Mier vun Denger éiweger Gnod an.
Här! Hien ass en aarmen a bescheidenen Dénger vun Dir, dee bezaubert ass vun Dir, Dech vu ganzem Häerze biet, deen, gefaangen an Denger Hand, mat Äifer zu Dir biet, deen Dir vertraut, an an Tréinen opgeléist virun Dengem Ubléck zu Dir rifft, Dech ubiedelt a seet:
O Här, mäi Gott! Gëff mir Deng Gnod fir deenen ze déngen, déi s Du gär hues, stäerk meng Fäegkeet Dir ze déngen, erliicht meng Stier mat der Luucht vun der Ubiedung an Dengem Haff vun der Hellegkeet a vum Gebiet zu Dengem Räich vun der Gréisst. Hëllef mir net u mech selwer ze denken am himmleschen Agang vun Denger Paart, an hëllef mir, lassgeléist ze si vun alle Saachen an Dengen hellege Raim. Här! Gëff mir ze drénken aus dem Kielech vum Verzicht; do mech u mat Sengem Kleed, an dauch mech a Säi Mier an. Maach mech zu Stëbs um Pad vun deenen, déi s Du gär hues, a gëff, dass ech meng Séil kann hiergi fir d’Äerd, déi duerch d‘Foussspuere vun Dengen Auserwielten op Dengem Pad geadelt ass, o Här vun der Herrlechkeet an der héchster Héicht.
Mat dësem Gebiet rifft Däin Dénger Dech, wann et Dag gëtt an an der Nuecht. Erfëll säin Häerzenswonsch, o Här! Erliicht säin Häerz, erfree seng Broscht, fänk säi Liicht un, fir dass hien Denger Saach an Dengen Dénger notze kann.
Du bass Deen, dee schenkt, de Matleedvollen, de Generéisten, de Gnädegen, de Baarmhäerzegen, de Matfillenden.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

